A A


Op dëser Plaz wëlle mer eng Kéier kuerz de Grupp UmBall a seng Aarbecht virstellen. De Grupp UmBall setzt sech aus 3 Voleten zesummen: 

- den 
Appui (betreit Kanner, déi eng spezifesch Hëllef beim Léiere brauchen)

- de Stay Cool (stäerkt déi sozial Kompetenze bei verhalenskreative Kanner)

- an den Accueil (ass zoustänneg fir Kanner, déi nei aus dem Ausland op Lëtzebuerg komm sinn)
 

An Zesummenaarbecht mam Enseignant betreie mer haaptsächlech Kanner déi eng extra a spezifesch Ënnerstëtzung brauchen. Eis Haaptaufgab besteet doranner d'Kand do ofzehuele wou et steet an et beschtméiglechst am Kader vun engem indivudualiséierte Programm ze fuederen, fir him esou z'erméiglechen déi wichtegst Kompetenzen z'erreechen.
Des weidere bidde mer je no Méiglechkeet, Förderatelieren an all Cycle un, wéi z.b. Konzentratiounsatelieren, awer och méi didaktesch Themen ewéi Lieskompetenzen oder Production orale, déi sech un all d'Kanner riichten. Am Kader vum Appui intégré versiche mer direkt an der Klass aktiv dozou bäizedroe Léierschwieregkeete bei de Kanner opzefänken.
Léiere kann nëmmen an engem angenehme Léierklima stattfannen, dofir probéiere mer esou en Ëmfeld an eise Säll ze schafen och andeems mer a méi klenge Gruppe schaffen.

Verschidden Aktivitéiten ënnerhëlt de Grupp UmBall och zesummen. Esou hu mer schonn de Bësch entdeckt, mat Waasser experimentéiert, en Ausfluch an d'käerjenger Griechten gemaach, de Wenzelstour kennegeléiert...

Mer leeë vill Wäert drop kontextuell Schoul ze halen an de Kanner Ureizer ze ginn, sech fir e Sujet z'interesséieren an domadde méi Succès an der Schoul ze hunn. D'Kanner sollen esou Erfollegserliefnësser an der Schoul spieren an domadder hiert Selbstwertgefill an hir Léiermotivatioun steigeren.

Fir d'Schouljoer 2012/2013 huet sech d’Struktur fir Kanner mat spezifesche Besoine an eiser Schoul erëm weider entwéckelt a probéiert, am Kontext vum PRS, deene villschichtege Besoine vun de Kanner méi gerecht ze ginn. Den Numm "Um Ball" ass deene meeschten elo schonn e Begrëff an de Kontakt via eis Emailadress klappt ëmmer besser.

Mer hu fir dëst Joer och eng Emailadress pro Volet ageriicht, well zu Beispill Demanden un den Accueil net direkt den Appui respektiv Stay Cool betreffen an esou un iwwerflëssege Maile kéint gespuert ginn. Détailer fannt der op de jeweilege Säiten.

 

Eng enk Zesummenaarbecht bannen dem Grupp “Um Ball” an awer och mat de betraffenen Titulaire bleiwt primordial fir eng optimal Kannerbetreiung.

 

Eng all Equipe (Stay Cool) huet sech nei forméiert, déi sech nach méi staark ëm verhalenskreativ Kanner këmmert.

 

Wéi der mierkt, ass et eis wichteg, kontextuell Schoul ze halen. D'Kanner sollen Erfollegserliefnësser an der Schoul spiren an domadder hiert Selbstwertgefill wéi och hir Léiermotivatioun steigeren.

 

Et huet sech vill gedoen a mer hoffen, dass mer eise Schoulkanner nach besser an hierem Léierprozess ënnert d'Ärm gräifen a se motivéiere kënnen, ganz no engem Spréchwuert vum Philosoph Heraklit:

 

 

"Léieren heescht, e Feier ze entfachen a net, en eidelen Eemer ze fëllen“