Dëst Joer ass eis Fuesparty Freiden, den 1. Februar vun 14.00 Auer bis 15.50 am Festsall.
2008-01-22
Dir kënnt iech den Datum vum nächsten Schoulfest elo schonn an Aerem Kalenner ukräizen. D'Schoulfest ass dëst Joer e Mëttwoch, den 9.Juli 2008. Weider Informatiounen kommen nach.
2007-12-12
Op der Generalversammlung vunn der Elterevereenegung huet d'Sandy Leches hir nei Funktioun als Präsidentin ugetratt. Weiderhinn gouf déi gudd Zesummenaarbecht mat de Gemengeverantwortlechen a mam Léierpersonal ënnerstrach an et gouf op divers Aktivitéiten higewisen, déi a rezenter Vergaangenheet duerchgefouert goufen an e grousse Succès woren (z.B. Halloween-Pary, Bicherbörse a Schoulsportdag).
artikel_wort_01_12_2007.pdf(440 KB)
2007-11-12
D'Kanner vum 1. bis 6. Schouljoer aus dem Moralsunterrecht hunn zu dësem Thema verschidden vun hiren Arbechten als Ausstellung presentéiert. An eisem Webbook an eisem Wiki-Projet zum Thema fannt Dir weider Informatiounen a Fotoe vunn de Wierker.
2007-06-20
D'Spillschoulsklasse vu Kéinzig hu sech am Laf vum Schouljoer mat de Kënschtler Paul Klee a Piet Mondrian beschäftegt. Si hunn och eege Wierker an engem vergläichbare Stil gemolt an ausgestalt. D'Fotoen vunn den Austellungen kënnt dir iech elo hei ukucken.
2007-06-15
De Summer steet virun der Dir, an domatt och d'Zäit vunn den Ausflig a Sortien. Hei präsentéiere mir iech eng kleng Iwwersiicht: