A A

All News | Käerjeng | Kéinzeg






2006-11-10
D'Elterevereenegung vu Käerjeng an d'Kulturkommissioun vu Bascharage invitéieren op BICHERDEEG 2006 (Journées du livre) vum 10. bis 12. November 2006 an der Hall 75.

Programm:

10.11.2006

16:00 - 18:30: Porte ouverte vun der neier SCHOULBIBLIOTHEIK

D'Léierpersonal presentéiert « op Acker 1 » den Elteren an de Kanner d'Schoulbibilothéik.

16:00 - 19:00: Bicherausstellung mécht an der Hall 75 hier Dieren op. (Ausstellung a Verkaf vu Bicher fir all Alter)

19:00 - 20:00 D'Christiane EHLINGER liest an der Hall 75 aus hirem Buch: DE FEINE JONG, den därege Wee vun engem Lëtzebuerger Drogéierten
(Diskussiounsronn mat de Kanner a Jugendlechen ab dem 6te Schouljoer an hiren Elteren)

20:15: D'Claudine MUNO liest aus sengem leschte Buch a séngt e puer vun senge Lidder. (fir Jugendlech an Erwuessener)

11.11.2006

14:00 - 18:00: Bicherausstellung mat Verkaf a Lieseck fir d'Kanner
D'Mireille WEITEN-DE WAHA liest de Kanner aus sengem Buch DE ROUDE LEIW vir.
D'Christiane EHLINGER liest de Kanner aus hire Bicher
KLONI KLUNNES, ZARABINA asw..

12.11.2006

15:00: MAGIC LIGHT AND TOWEL TOUR 2006
Den Zauberer PASCAL invitéiert zesummen mat der Vereenegung "Les amis de Gambie" op e flotten Nomëtteg.


Den Entrée, mat Ausnahm vun der Zaubershow, ass all Kéiers fräi.

Fir d'ZAUBERSHOW sollen d'Kanner als Entréespräis eng Käerz oder e Bued / Handduch ofgin. Dës Saache gin an engem Weesenheem am Gambia gebraucht.

Fir Iessen a Gedrënks ass all Kéiers gesuergt.

Während de Bicherdeeg kënnen d'Kanner och schéi Präisser bei eisem QUIZ gewannen.

pdfArtikel am Lëtzebuerger Wort vum 13.11.2006
2006-04-07
Hei sin e puer Fotoen vum Schoulsportsdag 2006.
2006-03-29
Momentan ginn zu Kaerjeng Formatioun iwert d'Méiglechkeeten vun der neier Internet-Plattform ofgehalen.

Den 29. März gouf sech mat den Webbooks beschäftegt. Den 4. Abrëll ass den Wiki Manager drunn. Eng Formatioun fir d'allgemeng Administratioun vum Site ass fir den 26. Abrëll geplangt.
2006-02-03
Mir sin am gaang eis Schoulmediathéik anzeriichten an d'Erfaassung vun de Bicher ze machen. Nach e bësse Gedold, da kënnt der d'Bicher ausléine kommen.
Ënnert Mediathéik fand dir en Iwwerbléck iwwert d'Bicher déi schon an eiser Datebank dra sin.
2005-09-23
E Freideg, den 26. September 2005 gouf den neien Sport- a Schoulkomplex, a Präsenz vun dem Innenminister Jean-Marie Halsdorf, dem Emweltminister Lucien Lux an dem Schäffen- a Gemengerot offiziell ageweiht.

Fotoen vun der Aweihung an den Gebeilechkeeten

pdfBrochure Op Acker - Extraits
2005-09-15
No enger laanger an erhuelsamer Vakanz fänkt en Donneschdeg, den 15. September d'Schoul erem un.

Hei den Horaire vum éischten Schouldag:
- Spillschoul: 8:15 - 9:00
- 1. Schouljoer: 7:50 - 9:00
- 2. bis 6. Schouljoer: 7:50 - 12:15
2005-09-10
Den 10ten September war eng Porte ouverte fir den Site mat sengen Gebäilechkeeten virzestellen. De Program mam Zäitplang vun der Porte Ouverte fann Dir um site vun der Gemeng als PDF-Datei.
2005-09-05
Ënner www.focoweb.script.lu ass den Programm vun der Formation Continue fir Enseignanten elo online disponibel (1. Semester 2005/2006). Weiderhinn kann een sech do och online aschreiwen.

Éischt Zeréck Nächst Lescht

Login


Kalenner


chevron_left
chevron_right

Ëffnungszäiten Mediathéik Kéinzeg


Dag Moies
MO 8:45 - 9:40
FR 9:55 - 10:50

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche